arrow_back_ios
Kultur
Filmkritik: Crawl vum Alexandre Aja
Iwwer 40 Joer ass et hier, datt de Steven Spielberg e massiven Haifësch op eng Plage lassgelooss huet. An iwwer 40 Joer ass zanterhier de creature feature net aus dem Kino ewegzedenken. A scho guer net am Summerlach. Eng Kinosalternativ zu sangenden CGI-Léiwe wieren do elo zum Beispill computeraniméiert Alligatoren. An zwar am Film "Crawl". Den Tom Dockal war sech déi hongereg Véi ukucken.