Panorama
Panorama
D'Regierung wëllt Kanner vu Frontalieren méi ee breeden Zougang zu de Studiebäihëllefen erméiglechen.
Déi designéiert EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen encouragéiert Lëtzebuerg an engem Bréif, eng Fra als EU-Kommissärin ze nominéieren. Trotzdem hält d'Regierung um Nicolas Schmit als Kandidat fest.
D'Plattform Votum Klima kritiséiert, datt d'Regierung net genuch konkret Klimaschutz-Moossname géif ergräifen.
Den Hesper Buergermeeschter geheit dem Ëmweltministère vir, den Dossier Contournement Alzeng wëllen ze blockéieren.
De Congé collectif am Bausecteur huet haut ugefaangen. Op am Ganzen 129 Chantieren däerf an den nächsten dräi Wochen awer virugeschafft ginn.
De Boris Johnson géif Groussbritannien absichtlech an e frontalen Zesummestouss mat der EU féieren, esou den ireschen Ausseminister.
Den Tour de France gouf wéinst Schnéi haut ënnerbrach, esou d'Organisateuren. De Kolumbianer Egan Bernal ass als éischten ukomm a fiert elo am giele Leader Maillot.