Konferenzen
Luxembourg Art Week 2018
Am Kader vun der véierter Luxembourg Art Week 2018 stoungen dräi ëffentlech Konferenzen am Zeeche vun der nationaler- an internationaler Aktualitéit aus der Konschtwelt. Moderatioun hat de Christian Mosar, fräie Curateur, respektiv Konschtkritiker a fräie radio 100,7 Mataarbechter. Verschafft goufen d'Konferenze vum Carlo Link.
"Le marché de l'art en surchauffe", war d'Konferenz vum 9. November 2018 iwwerschriwwen, mat der Georgina Adam, Autorin, Jounalistin a Mataarbechterin bei der Financial Times - The Art Newspaper. D'Georgina Adam hat 2017 d'Buch "Dark Side of the Boom: The Excesses of the Art Market in the 21st Century" publizéiert, an deem si déi verstoppte Säit vum internationale Konschtmaart weist. Zanter deem sinn d'Präisser weider geklommen, wéi de Verkaf a Rekordhéicht vum "Salvator Mundi" weist, deen dem Leonardo da Vinci attribuéiert gëtt. De Konschtmaart - eng Loftblos, déi gläich platze wäert?
Foto: radio 100,7
Big Bucks: The explosion of the art market in the 21st Century (Lund Humphries, 2014)
Dark Side of the Boom: The Excesses Of The Art Market In The 21st Century (Paperback, 2017)