Panorama
Panorama
Zu Hamm gëtt et den Ament e gréissert Feier. De Brand huet sech op de Bësch Richtung Polvermillen ausgebreet. D'Bensinsstatiounen an deem Beräich goufen evakuéiert.
Zu Lëtzebuerg kéinten all Temperaturrekorder dëser Deeg gebrach ginn.
De Chamberpresident Fernand Etgen respektéiert d'Entscheedung vum Parquet, fir déi sougenannte Chamberleak-Affär ouni juristesch Suitten ze klasséieren.
Den LSAP-Minister Etienne Schneider confirméiert d'Ausso vum Partei-President Franz Fayot, datt keng LSAP-Kandidatin fir de Poste vum Lëtzebuerger EU-Kommissär soll nominéiert ginn.
Déi nei britesch Regierung wëllt, dem Premierminister Boris Johnson no, keen EU-Kommissär nominéieren.
De Leetzëns bleift am Euroraum onverännert op sengem Rekorddéif vun 0 Prozent.
Um Filmfestival zu Venedeg sinn dëst Joer véier Lëtzebuerger Produktiounen derbäi. Dat huet den nationale Filmfong de Mëtteg matgedeelt.