arrow_back_ios
Kultur
Eng Bühn fir Literatur aus Lëtzebuerg
De Cornel Meder huet ronn 35 Joer laang déi kulturell a pädagogesch Zäitschrëft Galerie geféiert. Säi Wonsch war, datt och no sengem Doud de Joergang fäerdeg gemaach gëtt. Elo koum déi viraussiichtlech zweetlescht Nummer vun der Galerie eraus, eng reng literaresch Editioun, an där zäitgenëssesch Literatur aus Lëtzebuerg eng Bühn kritt huet. D'Valerija Berdi huet mam Charel Meder iwwer dës Nummer an iwwer d'Zukunft vun der Galerie geschwat.