arrow_back_ios
Zäithistoriker
Honger
Während dem Éischte Weltkrich huet déi englesch Séiblockad eng decisiv Roll an der däitscher Nidderlag gespillt. D'Experienz vum Honger war och zu Lëtzebuerg essentiell. Si huet d'Leit obsedéiert, d'Gesellschaft déif gespléckt a fir eng schmäerzhaft Moderniséierung gesuergt. An engem Sënn war den Honger, deen am Éischte Weltkrich erlidde gouf, d'Hiewan vun der Lëtzebuerger Natioun. Eng Chronik vum Vincent Artuso.