Panorama
Panorama
Eng geklaute Virfaart steet der Police no um Ursprong vum Accident tëschent dem Tram an engem Bus de Mueren hei um Kierchbierg.
D'Medienopsiicht ALIA wëllt bis September en neien Direkter nominéieren.
De Fonds National de la Recherche ënnerstëtzt mat sechs Milliounen Euro ee villverspriechende Fuerschungsprojet iwwer Parkinson.
Mam geplangte Gesetz fir Euthanasie zukünfteg als natierlechen Doud unzegesinn, gëtt eng juristesch Sécherheet geschaaft, heescht et aus dem Gesondheetsministère. Bis ewell konnt d'Euthanasie mat Suizid gläichgesat ginn.
D'EU sollt sech an de Beräicher Klimawandel an Immigratioun méi Handlungsraum ginn, sot déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel haut bei hirer traditioneller Summer-Pressekonferenz.
Äerdbiewen a Griichenland mat enger Stäerkt vu 5,1 op der Richterskala.
Schlëmm Explosioun an enger Fabrick a China, op d'mannst zwee Doudesaffer.