Op der Beetebuerger Streck ginn de Moment wéinst engem Chantier d'Zich duerch Bussen ersat. Dat féiert zu méi laangen Transportweeër, chaotesche Situatiounen - a villen onzefriddene Passagéier. Besonnesch d'Associatioun vun den Usagere vum Zuch, deen tëschent Metz an der Stad fiert (AVTERML), reegt sech op iwwer déi aktuell Situatioun. Franséisch Frontaliere géifen dëser Deeg deelweis moies méi wéi duebel sou laang brauche fir op d'Aarbecht ze kommen, respektiv owes erëm heem - dat well si eben zu Beetebuerg op ee Bus mussen ëmklammen. Dat géif net spurlos un de betraffene Leit laanscht goen, seet de Generalsekretär vun der Associatioun AVTERML. D'Françoise Keller huet mam Henri Delescaut geschwat.
arrow_back_ios
Aktuelles
Beetebuerger Streck: De Chantier suergt fir Onzefriddenheet
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
