Invité:e vum Dag
Léon Losch
Et ginn illegal Glécksspiller an et ginn där legaler: déi eng maachen der National-Lotterie Suergen, déi aner bitt se selwer un.
Mat hire verschiddene Spiller huet d'National-Lotterie d'lescht Joer e Rekord-Benefice vun iwwer 24 Milliounen Euro gemaach. Dëse Gewënn geet komplett un den Etablissement Public Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, deen domat divers Projete finanzéiert. D'Œuvre Nationale geréiert och d'National-Lotterie.
Wouduerch erkläre sech de Rekord-Benefice an de Rekord-Ëmsaz 2018 bei der National-Lotterie? Dat froe mir den Direkter Léon Losch: hien ass Invité beim Serge Kesseler.