Panorama
Panorama
Zu Stroossbuerg stëmmt d'Europaparlament haut of iwwer d'Kandidatur vun der Ursula von der Leyen fir de Poste vun der EU-Kommissiounspresidentin. Den Ament wier hire Succès bei deem Vott net assuréiert, seet den Nicolas Schmit, gewielten EU-Deputéierten a Kandidat vun der LSAP fir de Poste vum Lëtzebuerger EU-Kommissär.
Chamberpresident Fernand Etgen reprochéiert der CSV, nach ëmmer net mat der Oppositiounsroll eens ze ginn.
De President vun der Policegewerkschaft Pascal Ricquier mengt net, datt déi 600 Polizisten, déi an den nächste Joren nei solle rekrutéiert ginn, duergi fir de Besoin ze decken.
An Tschechien steet d'Regierungskoalitioun vun der populistescher ANO an de Sozialdemokraten op der Kipp.
Déi rumänesch Regierungscheffin geheit hiren Innen- an hiren Ausseminister eraus.
An den USA reagéiere véier Demokratinnen op rassistesch Äusserunge vum President Donald Trump.
Doud vum fréiere Box-Weltmeeschter Pernell Whitaker.