arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Fernand Etgen
De 6. Dezember zejoert ass de Fernand Etgen als Chamberspresident vereedegt ginn. Et huet exakt siwe Méint an dräi Deeg gedauert bis hien - de leschten Dënschdeg - eng éischt wierklech turbulent Sëtzung ze presidéieren hat: Den 9. Juli huet déi ganz Oppositioun de Plenum verlooss, aus Protest géint säi Refus iwwer eng Propositioun vun der CSV zum Ordre du jour ofstëmmen ze loossen. Dat ass een Thema vum Interview mam Éischte Bierger. Donieft geet et och nach ëm d'Fro, wéi et virugeet a Saache Verfassungsreform.