Konferenzen
Les Rendez-vous de l'UNESCO
D'Ëmweltkris vun haut kënne mir eréischt richteg verstoen, wann d'Naturgeschicht an d'Naturwëssenschaften och als en Deel vun där sougenannter Héichkultur ugesi ginn a wann se hier Plaz an der Kulturpolitik kréien. D'Naturhistoresch Muséeë sinn Instituter fir Kultur a fir Recherche. Dofir sinn si déi ideal Plaz, fir d'Naturwëssenschaften a Kultur zesummenzebréngen.
Eng Konferenz am Kader vun "Les Rendez-vous de l'UNESCO" vum Patrick Michaely, Verantwortlech fir Kommunikatioun am Naturhistoresche Musée. Opgeholl den 25. Mäerz am Cercle Cité a verschafft vum Carlo Link.
Patrick Michaely © Carlo LINK
Musée national d'histoire naturelle Luxembourg (Naturhistoresche Musée): https://www.mnhn.lu
Linken, respektiv Fotosmaterial zu den Themen aus dem Virtrag:
- De Kanadësche Premierminister Justin Trudeau iwwer Quanten-Computer, 2016 am Fuerschungszentrum "Perimeter Institute" (Waterloo, Ontario): https://www.youtube.com/watch?v=OdLdjwjslJc
Ee vun de Paläontologen aus dem Naturhistoresche Musée Ben Thuy, bei der Iwwerreechung vun engem Model vu sengem Schlaange-Stär, un d'Alissa White-Gluz vun der Schwedescher Melodic-Death-Metal-Band "Arch Enemy", bei hirem Concert am Juli 2018 an der Rockhal. © Paul Bossenmaier & Tine Gennaio
- Wëssenschaftlech Éierung fir déi Schwedesch Metal-Band "Arch Enemy": https://www.science.lu/fr/quand-science-rencontre-le-rocknroll/honneurs-scientifiques-pour-le-groupe-suedois-metal-extreme-arch-enemy