An engem Bréif un 172 Ambassaden an un de Conseil de l'Europe kritiséiert d'ADR, d'Regierung hätt den Deputéierte Gast Gibéryen wëllen zwéngen, seng Sourcen ze reveléieren. Hannergrond ass d'Affär ëm eng Srel-Ecoute, wéinst där de Gast Gibéryen inculpéiert gouf, d'Poursuitten awer virun annerhallwem Mount fale gelooss goufen. Am Bréif, deen eis virläit, schreift d'ADR, d'Lëtzebuerger Regierung wier hypokritesch. Se géif op internationalem Plang als Defenseur vun de Grondrechter optrieden an heiheem d'Rechter vum Parlament an den demokratesche System net respektéieren. De Pierre Reyland mat Hannergrënn.
arrow_back_ios
Aktuelles
Deputéiert an hirer Kontrollfunktioun gestäerkt
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
