Wat ass d'Zil vun der Schoul? Steet se am Déngscht vun der Gesellschaft oder vum Schüler? Oder vläicht béides? Wien decidéiert, wéi déi Jonk solle gebilt ginn? Leide Bildungsanstalten ënner Prüfungs- a Programm-Fetischismus? Muss een den Fokus op den Individuum setzen, oder den Individuum upassen, datt en am System eens ka ginn?
Dës Froen an nach vill méi diskutéiert d'Team vum Pro-Phil zesumme mat hirem Gaascht, der Pascale Worré.