Zejoert hu sech manner Leit mam HI-Virus infizéiert, wéi nach 2017. Déi éischt Baisse zanter 2013. Dat geet aus dem Rapport d'activité vum Comité fir d'Iwwerwaachung vun AIDS ervir. 43 Nei-Infektioune goufen am Joer 2018 registréiert. Dobäi kéint ee virun allem eng Baisse beim Grupp vun Heterosexuellen an Droge-Konsumente feststellen, esou d'Presidentin vum AIDS-Comité, D'Carole Devaux. D'Nei-Infektioune bei homo- a bisexuelle Persounen soll dem Rapport no dogéint an d'Luucht gaange sinn. Hannergrënn mam Maurice
arrow_back_ios
Aktuelles
Manner Nei-Infektioune mam HI-Virus
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
