Panorama
Panorama
En Dënschdeg stëmmt d'Europaparlament iwwert d'Kandidatur vun der Ursula vun der Leyen fir Kommissiounspresidentin ze ginn of. Wann si gewielt gëtt, da wäert d'LSAP e Mann an eng Fra nennen fir ee Posten an der Kommissioun. Déi Gréng wäerte keen Usproch op e Kommissär erhiewen.
An der Chamber gouf de Mëtteg d'Gesetz iwwert d'Reform vun de Stagen an der Grondschoul an am Lycée gestëmmt.
Lëtzebuerg soll Champion beim Klimaschutz ginn an de Staat muss méi Verantwortung beim Logement iwwerhuelen, fuerderen déi Gréng an hirem Bilan vun der Aarbecht an der Chamber dëst Joer
D'ADR wëllt 4 Wahlbezierker bäibehalen, déi dierfen awer anescht ausgesinn wéi bis elo. D'Partei ass géint de Cumul vu Mandater.
Den Dout duerch Euthanasie oder Bäihëllef zum Suicide gëtt zukünfteg als natierlechen Dout ugesinn.
D'Chemikalie Bisphenol A ass eng extrem bedenklech Substanz. Mat dësem Uerteel confirméiert den Europäesche Geriichtshaff eng Decisioun vun den EU-Memberlänner, fir BPA op eng Warnlëscht ze setzen.