arrow_back_ios
Kultur
Lieve Joris
Mat hirem autobiografesche Roman "Fonny", deen elo bei Actes Sud erauskoum, huet d'Lieve Joris eng beréierend an éierlech Geschicht geschriwwen. Soss ass déi belsch Schrëftstellerin fir hir Reesliteratur bekannt. Eng Reesliteratur, wou si awer ëmmer politesch Konflikter thematiséiert. D'Valerija Berdi ass dëser couragéierter Schrëftstellerin zu Saint Malo um Literaturfestival Étonnants voyageurs begéint.