De Muergen huet den Orchestre de Chambre du Luxembourg am Kinneksbond zu Mamer de Programm vu der Saison 2019/20 virgestallt. D'Concertsserie "Crossing Europe" an der Philharmonie geet weider, dëst nieft Optrëtter an der Opéra Metz-Métropole. Wéi steet et mat engem neien Dirigent vum Orchester? D'Corinne Rosé, Administratrice vum Orchester, an de Claude Origer, Trombonist a Member vum Verwaltungsrot, si beim Manuel Ribeiro am Studio.
arrow_back_ios
Klassik aktuell
Déi nei Saison vum Orchestre de Chambre du Luxembourg
