Panorama
Panorama
Et wier net auszeschléissen, datt de Premier Xavier Bettel an den nächsten zwee Deeg virun der Chamber Stellung hellt zu der Affär ronderëm Datebanke vu Police a Justiz, sou den DP-Fraktiounschef Eugène Berger
Chamber géif op hirem Internet Site d'Majoritéitsparteien an de Virdergrond stellen a wier net neutral, sou déi véier Oppositiounsparteien, déi am Parlament vertruede sinn, an engem Bréif un de Chamberpresident
An der Chamber hunn d'Majoritéitsparteien eleng iwwer deen drëtten nationalen Nohaltegkeetsplang diskutéiert, d'Oppositioun hat virdrun de Sall verlooss
Nei griichesch Regierung muss weider d'Konditioune vum Hëllefspak erfëllen, sou de Pierre Gramegna am 100,7 Interview
Homeopathesch Mëttel sollen a Frankräich vun 2021 un net méi vun der Krankekeess rembourséiert ginn
USA wëllen international Koalitioun zesummekréie fir Schëffer am Golf vun Oman ze schützen, sou en amerikanesche Generol
US Hip-Hop Star Nicky Minaj huet Concert a Saudi-Arabien ofgesot, si huet Diskriminatioune géint Fraen a Minoritéiten a Saudi-Arabien als Grënn genannt
F91 Diddeleng spillt 2-2 gläich géint Valletta am éischte Match vun der Qualifikatioun fir d'Champions League