Invité:e vum Dag
Maggy Nagel
De Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung 2020 an 2021 zu Dubai soll alles an allem 32 Milliounen Euro kaschten.
Dës Expo an der gréisster Stad vun de Vereenegten Arabeschen Emirater dauert knapp sechs Méint. D'Visibilitéit vun de Lëtzebuerger Entreprisë soll verbessert ginn a Lëtzebuerg soll a senger ganzer Diversitéit gewise ginn, ass geplangt.
Wat genee huet de Grand-Duché mat senger Präsenz op der Weltausstellung wëlles a wou sinn d'Virbereedungen drun? Doriwwer schwätze mir elo mat der Lëtzebuerger Generalkommissärin fir d'Expo 2020, mat der fréierer DP-Ministerin Maggy Nagel.
De Serge Kesseler féiert duerch d'Gespréich.