arrow_back_ios
Kultur
Kulturministère ënnerschreift siwen nei Konventiounen
Bis op d'Theater Federatioun an d'AAPL war bis dohin nach kee vun de fënnef anere Beruffsverbänn aus dem Kultursecteur konventionéiert. Nei dobäi kommen deemno Actors.lu, d'ASPRO (déi di Professionell vun der lieweger Konscht vertrëtt), d'Federatioun vun den Auteuren a Komponisten, d'Bicherediteuren, an de Reseau vun de regionale Kulturzentren. D'Zil ass et, d'Professionaliséierung vum Secteur ze fërderen, sou wéi dat am Kulturentwécklungsplang (KEP) virgesinn ass.