Invité:e vum Dag
Horst Willkomm (Euro-Composites)
160 Milliounen Euro wëllt den Industrie-Betrib Euro-Composites bis 2030 hei am Land investéieren. Am Haaptsëtz vum Grupp an der Industriezone zu Iechternach gouf viru knapp engem Mount eng deementspriechend Konventioun mat der Regierung, der Stad Iechternach a mat der Société nationale de crédit et d'investissement SNCI ënnerschriwwen.
Wat produzéiert Euro-Composites iwwerhaapt a firwat wëllt de Betrib grad hei am Land seng Produktiounsanlage vergréisseren? Dat froe mir elo den Diplom-Kaufmann Horst Willkomm: hien ass Member vun der Direktioun vun Euro-Composites. De Serge Kesseler féiert duerch d'Gespréich.