Gëschter Owend gouf zu Washington an uechtert d'USA den Independence Day gefeiert. Dat ass traditionell en Dag ouni Politik, un deem Amerikaner zesummekomme fir d'Freedefeier ze kucken. Dat war awer dëst Joer an der amerikanescher Haaptstad anescht. Den Donald Trump huet um National Mall säi sougenannte Salute to America organiséiert, mat Panzeren um Lincoln Memorial a Kampffliger, déi iwwer hien a seng Supporter geflu sinn. Kritiséiert gouf d'Evenement fir d'Käschten a fir d'Politiséierung vum Nationalfeierdag an den USA. Eise Korrespondent Philip Crowther war fir eis um Evenement.
arrow_back_ios
Aktuelles
Dem Donald Trump seng Militärparad um Independence Day
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
