Invité:e vum Dag
Luc Marteling
Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch gouf zimlech genee virun engem Joer mam Gesetz fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch an d'Liewe geruff ginn. Deen Zenter soll
sech ëm d'Lëtzebuerger Sprooch an d'Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg an ëm d'Promotioun vum Lëtzebuergeschen national an international bekëmmeren;
d'Lëtzebuerger Sprooch, hir Geschicht, d'Dialekter, mee och de villsproochege Kontext dokumentéieren;
Ausstellungen a Konferenzen, an och all Joer en nationalen Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur organiséieren.
Den éischten Direkter vum Zenter erkläert, wéi hien un déi Aufgaben erugoe wëllt.