arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Viviane Reding
No nonzéng Joer Europapolitik - fofzéng dovun an der EU-Kommissioun a véier am Europäesche Parlament - ass d'Viviane Reding zejoert zréck op Lëtzebuerg komm. A si hat sécher net domat gerechent no de Wahle vum 14. Oktober 2018 als einfach Deputéiert um Krautmaart musse Plaz ze huelen. En eventuelle Retour an Europa war net méiglech, well déi nei CSV-Spëtzt mat enger personell erneierter Lëscht an d'Europawahle goe wollt. Wéi huet d'Viviane Reding déi lescht Méint erlieft?