arrow_back_ios
Kultur
Doud vum Pol Cruchten
Dräimol gouf de Pol Cruchten am Laf vu senger Filmcarrière hei zu Lëtzebuerg ausgezeechent an dat fir "Perl oder Pica", d'Adaptatioun vum Jhemp Hoscheit sengem Roman, "Never Die Young" iwwer e jonke Mann a seng Drogenofhängegkeet a "La Supplication" nom Buch vun der Swetlana Alexandrowna Alexijewitsch iwwer d'Katastroph vun Tschernobyl. E Portrait vum Martine Reuter.