Kultur
De mobille Mini-Kassetterekorder
E Walkman, wësst Dir nach wat dat ass? Mee sécher: de Walkman war e mobille Kassettespiller. Dat heescht am Fong eng kleng Këscht, wou een eng Musekskassett dra gemaach huet, an da konnt een iwwer dem Trëppelen, oder dem Lafe Musek lauschteren. Beim Lafen war et awer net optimal. Viru 40 Joer koum de Walkman eraus, an et war eng absolut Success-Story ronderëm d'Welt Millioune jonk Mënschen haten hire Walkman an hunn entweder mat de klenge Kopfhörer mat Schaumstoff oder méi spéit mat Knäpp an den Oueren hir Musek gelauschtert a hunn op eng gewësse Manéier net méi un der reeller Welt participéiert. De Jean Claude Majerus erënnert un de Walkman.