Aktuelles
Entwécklung vum Antisemitismus zu Lëtzebuerg
An der éischter Hallschent vun dësem Joer huet d'asbl. Recherche et information sur l'antisémitisme au Luxembourg méi Fäll vun Antisemitismus hei am Land gezielt, wéi fir dat ganzt Joer 2018. Dat huet de Bernard Gottlieb vun der asbl. RIAL am 100,7-Interview gesot. Hie fuerdert e verstäerkte Kampf géint Antisemitismus a méi e gezielt Entgéintwierken.
An der Chamber gëtt de Moment un engem Text zum Thema geschafft, dee vun alle politesche Säite kéint ënnerstëtzt ginn. Fir d'Virbereedung vun der geplangter Motioun waren d'Vertrieder vum Consistoire israélite a vum RIAL an d'Chamberkommissioun invitéiert ginn.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)