Kultur
D'Bremer Stadtmusikanten
Wat kënnt Iech an de Kapp, wann Dir un déi däitsch Stad Bremen denkt? Ech denken da geet et Iech wéi eis, da kommen Iech d'Bremer Stadtmusikanten an de Kapp: den Iesel, den Hond, d'Kaz an den Hunn. Véier Hausdéieren aus de Bridder Grimm hirem Mäerchen, déi fortgelaf sinn, well se et net gutt doheem haten. A si wollten hiert Lous selwer an de Grapp huelen. Den 3. Juli 1819 goung am Grimm Mäerchen eng éischte Kéier vum Déierequartett rieds. An elo kréien d'Bremer Stadtmusikanten 200 Joer, an dat gëtt zu Bremen gefeiert.