Eigentlech waren d'Parteien sech eens, an trotzdem stécht d'Verfassungsreform elo an enger Sakgaass. D'CSV huet gëschter ugekënnegt, datt si déi nei Verfassung just wëllt matstëmmen, wann d'Bierger virdrun an engem Referendum iwwer verschidde Punkte vun der Reform kennen ofstëmmen. Mee d'Regierungsparteie wëllen sech net erpresse loossen. Wa béid Säiten bei hirer Positioun bleiwen, da wär jorelaang fir näischt iwwer eng nei Verfassung verhandelt ginn. De Rick Mertens mat engem politesche Stëmmungsbild.
arrow_back_ios
Aktuelles
Verfassungsreform: D'Regierungsparteien leenen d'CSV-Fuerderung of
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
