arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Roberto Mendolia
Zanter Juni ass de Roberto Mendolia den neie President vun der ALEBA. Hien huet d'Successioun vum Roberto Scolati un der Spëtzt vun der Gewerkschaft fir Beschäftegter am Banken- an Assurancë-Secteur iwwerholl, nodeems deen aus gesondheetleche Grënn zeréckgetrueden ass. Wat sinn dem Roberto Mendolia seng Prioritéiten? A wéi soll d'ALEBA ënner him neien Opschwong kréien? Doriwwer schwätzt d'Françoise Keller mam Gewerkschaftler.