Panorama
Panorama
De G20 Sommet vun Osaka stoung wéinst dem Klima laang op der Kipp - de Moie gouf et dunn awer eng gemeinsam Schlussdeklaratioun. Eise Korrespondent Philip Crowther huet an der japanescher Stad iwwerdeems de EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker begéint.
De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn fuerdert via Facebook d'Fräiloossung vun der Kapitänin vum Flüchtlingsschëff SeaWatch 3, déi an Italien festgegholl gouf
D'Lëtzebuerger Vëlosinitiativ begréisst de Projet fir eng nei Vëlosbréck an der Stad, déi den Cents, de Weimeschhaff an d'Neiduerf soll matenee verbannen.
Holland steet an der Halleffinall vun der Fussball-WM bei de Fraen, no enger 2-0 Victoire géint Italien.