Zäithistoriker
De Paradox vun der franséischer Militärinterventioun 1919
President vun der franséischer Regierung, am Januar 1919, war de Georges Clemenceau, de "Père la Victoire", en iwwerzeegte Republikaner a Virkämpfer fir Trennung vu Kierch a Staat a Frankräich. Wisou Truppe vun der République française an den Deeg vum 9. op den 12. Januar 1919 géint déi republikanesch-revolutionär Beweegung zu Lëtzebuerg virgaange sinn - an domat den Troun vun der Dynastie Nassau-Braganza gerett hunn - ass dat net eng Fro, déi e geschichtleche Paradox opwerft? Eng Fro, déi et derwäert ass, aus dem doudege Wénkel vun der Lëtzebuerger Geschichtsschreiwung erausgeholl ze ginn, mengt den Zäithistoriker Jacques Maas.
Episoden
Wait and see
Den 10. Mee 1941 hunn d'Nazien deen éischte Gebuertsdag vun der Invasioun vu Lëtzebuerg gefeiert.
![De Mäerzstreik vun 1921 tëschent Mythos an Utopie](/legacy/images/20453/image-thumb__20453__base_thumbnail/Denis%20Scuto.7615c14c.jpg)