Kultur
D'Arvida Byström an den digitale Feminismus
D'Schwedin Arvida Byström gehéiert zu enger jonker Generatioun vu Fotografinnen, déi sech op sozialen Internetplattformen als Netzkënschtlerinnen an nei Feministinnen en Numm gemaach hunn. Mat hiren - dacks a rosa gehalenen - Autoportraite wëllt d'Arvida Byström erreechen, datt d'Mënsche sech nees méi konstruktiv mat der Fro befaassen, wéi mir op eise Kierper kucken. Mëttlerweil ginn der Fotografin a fréierer Mannequin hir Aarbechten och op gréisseren Ausstellunge gewisen, eng Selektioun dovunner hänkt aktuell am Cercle Cité. Explikatioune vum Kerstin Thalau.