Panorama
Panorama
Meteolux gëtt fir muer 2 Auer Mëtteg bis 7 Auer owes nees eng Alerte Orange eraus.
D'Police sicht no neie Mataarbechter: Iwwert eng Medie-Campagne soll elo aktiv no Personal gesicht ginn.
An der Haaptdatebank vun der Justiz sinn Donnéeën deels net adequat archivéiert ginn a waren domat méi laang accessibel ewéi virgesinn. em Parquet no, wier een awer dobäi dësen informatesche Problem ze léisen.
Déi 2 CSV-Schäffe vu Biissen wäerten net vun hirem Posten am Schäfferot demissionéieren, confirméiert den CSV-Generalsekretär Felix Eischen.
De Buergermeeschter vu Metz, Dominique Gros, fuerdert Ausgläichszuelunge vu Lëtzebuerg, fir Steiergelder vu Frontalieren un d'Grenzregiounen ze verdeelen.
A Frankräich gouf haut op enger Partie Plazen am Süde vum Land den historeschen Temperatur-Rekord gebrach. Zu Gallargues-le-Montueux am Departement Gard gouf mat 45,8 Grad den héchste Wäert gemooss
Den AC Mailand däerf d'nächst Saison keng Europa-League spillen. Et ass dat eng Sanktioun, well de Veräin d'Reegele vum finanzielle Fairplay net respektéiert huet.
Am Tennis gouf déi 1. Ronn vum Grand-Slam-Tournoi vu Wimbledon ausgeloust: D'Mandy Minella trëfft op d'Nummer 4 op der Welt, Kiki Bertens aus Holland.