Kultur
D'Sea Dream Avenue zu Nidderaanven
Matzen an der Colorado-Wüst, a Kalifornien läit de Salton Sea. Mat enger Gréisst vu knapps 1.000 Quadratkilometer ass et de gréisste Séi am Bundesstaat. Nee ... mir fuebelen net scho vun Hëtzt, gesi keng Männercher: dee Bassin existéiert tatsächlech, an zwar westlech vun der Biergkette mat séissem Numm Chocolate Mountains. D'Fotografin Martine Pinnel an d'Kostümdesignerin Melanie Planchard hunn déi séiss-salzeg Géigend mol méi genee ënner d'Lupp vu Fotoapparat a Kamera geholl. D'Kerstin Thalau huet hir Biller am Kulturhaus zu Nidderaanwe gesinn.