Panorama
Panorama
D'Präisser um Wunnengsmaart sinn 2018 iwwerduerchschnëttlech staark geklommen. D'CSV schwätzt an deem Kader vun enger "verfeelter Logementspolitik" vun der Regierung tëschent 2013 an 2018
De Biisser Buergermeeschter Jos Schummer alliéiert sech am Gemengerot mat der Fraktioun Är Leit, nodeems hien aus der CSV ausgetrueden ass. D'CSV ass elo am Gemengerot an der Minoritéit.
Drénkwaasserknappheet kéint deemnächst an enger Partie Gemengen en Thema ginn, seet de Luc Zwanck vun der Waasserverwaltung.
Den Hëllefs- a Fleege-Reseau HELP zitt e positive Bilan fir d'Joer 2018.
Eng kurdesch Tëleeschaîne huet en Interview mam presuméierten IS-Kämpfer a fréiere Resident vu Lëtzebuerg, Steve Duarte, publizéiert.
Zu Brest a Frankräich gouf et de Mëtteg eng Schéisserei virun enger Moschee. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert
Zwee Doudesaffer gouf et bei Selbstmordattentater an Tunesien
ArcelorMittal kéint méiglecherweis dat italienescht Stolwierk Ilva de Tarente zoumaachen.
Ford wëllt an Europa 12.000 Aarbechtsplaze sträichen.
Sëlwermedail fir Lëtzebuerg bei den Europaspiller zu Minsk: De Gilles Seywert verpasst knapp d'Goldmedail an der Finale géint den Hollänner Mike Schloesser.