arrow_back_ios
Kultur
Femme avec tête(s)
Am Kader vum siwenten Europäesche Mount vun der Fotografie kënnt Dir zu Lëtzebuerg op 16 verschiddene Plaze Fotoausstellunge zum Thema "Bodyfictions", also Kierperfiktiounen, kucke goen. An: haaptsächlech Aarbechte vu jonken, nach onbekannten, Talenter entdecken. Mee et ginn interessant Ausnamen. D'ORLAN, 1947 als Mireille Suzanne Francette Porte op d'Welt komm, huet sech zum Beispill zanter den 1970er an der Konschtwelt etabléiert. D'Kerstin Thalau huet d'Kënschtlerin zweemol am Cercle Cité begéint.