Den Inneministère, de CGDIS an déi franséisch Région Grand-Est kooperéieren an Zukunft iwwer d'Grenzen ewech, wann et heescht Liewen ze retten. Pompjeeën a Ambulanze sinn am Prinzip fir ee Staatsgebitt zoustänneg. An de Grenzgebidder kënnt et dohier deelweis zu enger Aufgabenopdeelung, déi net optimal ass. An Zukunft soll dat sech änneren. Déi Konventioun gesäit vir, datt an Zukunft Pompjeeën och iwwer d'Grenze kënne fueren.
arrow_back_ios
Aktuelles
Kooperatioun vun de Rettungsdéngschter ouni Grenzen
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
