Kultur
Aweiung vum Ankaa Center zu Athen
D'Sarah Visby an Line Didelot, zou Lëtzebuergerinne sinn sozial immens engagéiert. Nodeems si virun e puer Joer a Griichenland a Flüchtlingscampen gehollef hunn, hu si virun enger Zäit entscheet, eng Asbl ze grënne fir mat Formatiounen an Atelieren deenen ze hëllefen, eng Aarbecht ze fannen, nodeems si Asyl zougesprach kruten.
Den Ankaa Center huet de Mëttwoch 19. Juni 2019 seng Dieren opgemaach, dëst a Präsenz vum Ausseminister Jean Asselborn. D'Fondatioun EME (Écouter pour mieux s'Entendre) war mat dräi Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg mat dobäi, no der Tournée vum Orchester, déi zu Athen op en Enn koum.
De Manuel Ribeiro war op der Aweiung vum Ankaa Center an huet mat der Coordinatrice, der Sarah Visby, geschwat.