arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Marc Hansen (DP)
All Interaktiounen an Transaktiounen tëschent de Verwaltungen, de Bierger an den Entreprisë sollen an Zukunft um elektronesche Wee kënne gemaach ginn: dat wënscht sech d'Regierung.
D'Digitaliséierung ass der Regierung no eng Chance, a Lëtzebuerg soll e Virreider an dësem Beräich ginn.
Iwwer d'Risiken an d'Niewewierkunge vun der Digitaliséierung schwätzt de Serge Kesseler mam delegéierte Minister Marc Hansen.