Kultur
Michael Jackson, eng tragesch Figur
Et war schonn eng Nouvelle, déi viru zéng Joer, op d'mannst emol d'Musekswelt ferm gerëselt huet. De 25 Juni 2009 ass de Michael Jackson, de King of Pop, ass am Alter vun nëmmen 50 Joer zu Los Angeles gestuerwen. An der Nuecht, kuerz no Mëtternuecht, koum deemools d'Nouvelle iwwer d'Noriichteagencen, eng Nouvelle déi bannent kuerzer quasi ronderëm d'ganz Welt goung. A ganz séier waren d'Televisiounsstatioune wéi CNN, NBC, BBC-World oder eng ganz Partie amerikanesch Lokalsendere mat sougenannte Breaking News op Antenn, an: Amerika stoung ënner Schock. Et war awer och am Juni 2005, wou ee vun den am meeschten mediatiséierten Prozesser an den USA, mat engem, fir déi eng richtegen, a fir déi aner falschen Uerteel, op en Enn goung: Dem Pop-Star Michael Jackson säi Mëssbrauchsprozess.