arrow_back_ios
Kultur
Stephane G Roussel weist "Opéra Monde" am Pompidou Metz
Op eisem Nationalfeierdag ass am Centre Pompidou-Metz d'Expo "Opéra Monde. La quête d'un art total" opgaangen. D'Iddi dofir koum vum lëtzebuergesch-belsche Musikolog a Metteur-en-Scène Stéphane Ghislain Roussel. Den Opere-Fan wëllt mat dëser initiativ kloer maachen, datt entgéint alle Viruerteeler, d'Oper fir Fräiheet steet, datt esou eng Kreatioun all Mënsch inspiréieren a glécklech maache kann. Bei wiem dat scho funktionéiert huet, huet de Stéphane Roussel dem Kerstin Thalau erkläert.