Kultur
"Die Nacht vor Crécy"
De Jang de Blannen, deene meeschte Lëtzebuerger e Begrëff, ass an der Schluecht vu Crézy de . August 1346 gefall. An der Nuecht virun der Schluecht huet de Jang de Blannen mat sengem Fils Karel de Véierte laang diskutéiert. De Fils, deen dunn decidéiert huet sengem Papp net zur Säit ze stoen, an d'Schluecht ze verloossen. A genee déi Nuecht huet den Auteur en Résidence am TNL Rafael David Kohn interesséiert a hien huet seng Iwwerleeungen an engem Theaterstéck mam Titel "Die Nacht von Crécy" verschafft. D'Stéck gëtt den Owend an enger Mise en scéne vun der Jacqueline Posing-Van Dyck am Théâtre National uropgeféiert. Detailer mam Jean Claude Majerus.