Wann ee sech iwwer d'Wieder fir déi nächst Deeg informéiert, kënnt een net dolaanscht, eppes vu Kalfronten, Waarmfronten, Héich- an Déifdrockgebidder ze héieren. Schonn an der Schoul huet ee geléiert, datt héije Loftdrock gutt Wieder bréngt an déiwe Loftdrock éischter manner gutt Wieder.
arrow_back_ios