arrow_back_ios
Kultur
Den MNHA an d'Ëmsetze vun der "stratégie numérique"
Den nationale Patrimone préservéieren an accessibel maachen: dat sinn 2 Ziler, déi de Kulturministère mat senger "stratégie de numérisation" verfollegt. Enn Juni 2018 ass d'Strategie dem Public presentéiert a lancéiert ginn, e Joer drop hunn d'Kulturinstitutioune Verschiddenes ëmgesat. Zanter gëscht ass zum Beispill en Deel vun der Sammlung vum Nationalmusée online. D'Kerstin Thalau erkläert, wéi dir de Site https://collections.mnha.lu notze kënnt.