Kultur
E kriteschen Intellektuellen
Den däitsche Philosoph a Soziolog Jürgen Habermas ass ee vun de prominenteste Vertrieder vun der zweeter Generatioun vun der "Frankfurter Schule", enger vun de bedeitendsten soziologesch-philosopheschen Stréimungen vum 20. Joerhonnert. De Jürgen Habermas gelt als kriteschen Intellektuellen, dee sech mat Engagement a gesellschaftlech a politesch Debatten amëscht, woufir déi eng e bewonneren anerer en awer dergéint haassen. De Philosoph huet bei alle groussen theoreteschen Debatten an Däitschland matgeschwat, an huet zu gesellschaftspolitesche Kontroverse seng Meenung gesot. De Jürgen Habermas kritt haut 90 Joer, weist sech zwar net méi vill an der Ëffentlechkeet mä ass awer am gaangen en neit Buch ze schreiwen.