Kultur
"Wanted" vum/ am Maacher Kulturhuef
Am Mee hat d'Molerin a Graveurin Diane Jodes Konscht fir den allerleschte Food For Your Senses Festival kreéiert a parallel dozou ënnert anerem eng Ausstellung an der Zithaklinik op d'Been gestallt. Am Juni ginn d'Projete riicht virun: tëscht dem 13. a bis den 20. Juni ass d'Diane Jodes zesumme mat 4 aneren Artisten op Kënschtlerresidenz am Maacher Kulturhuef. An zwar gëtt ënnert dem Titel "Gutenberg, Luther & Steve Jobs" esouguer mat enger Stroossewalz geprint. Héiert dozou e Gespréich tëscht dem Kerstin Thalau an der Diane Jodes.