Panorama
Panorama
D'Situatioun zu Hongkong huet sech nees berouegt, no de schwéieren Ausernanersetzungen tëscht der Police an Demonstranten, déi géint e geplangt Ausliwwerungsgesetz protestéiert hunn. Mir schwätze mat engem Lëtzebuerger deen zu Hongkong ass, iwwert déi aktuell Lag.
An Däitschland dierfe männlech Jippelcher weiderhin en Masse doutgemaach ginn, bis et eng valabel Alternativ dozou gëtt, huet d'Bundesverwaltungsgericht decidéiert.
Fir den Asyldemandeuren aus Eritrea eng weider Hëllef fir d'Integratioun an d'Lëtzebuerger Gesellschaft ze bidden, gëtt et elo een Dictionnaire fir Tigrigna, deen op Initiativ vun der ASTI an a Kooperatioun mam Educatiounsministère ausgeschafft gouf
De Mëtteg kommen hei um Kierchbierg d'Euro-Finanzminister zesummen, fir sech iwwert d'Reform vun der Eurozon, an e Budget dofir, eens ze ginn.
Zu London fänken haut d'Tories un, fir en neie Parteichef ze wielen, nodeems jo d'Theresa May am Mee zeréck getruede war. 10 Persoune sinn an der Course, de fréieren Ausseminister Boris Johnson gëllt als Favorit.