Kultur
Endspurt fir "Drama & tenderness" am MNHA
Den Antwerpener Musée Royal des Beaux-Arts ass wéinst Renovatiounsaarbechten zou: zanter 2017 a viraussiichtlech nach bis Enn 2019! Dovunner profitéieren anerer, wéi zum Beispill eisen Nationalmusée. MNHA a KMSKA haten zesummen d'Ausstellung "Drama and tenderness -flammännesch, spuenesch an italienesch barock Meeschterwierker" op d'Been gesat, mat Konscht aus der MNHA-Sammlung, mee och enger Rei Tableaue vun Antwerpen. Den 30. Juni ass Finissage vun der Expo. Also maacht iech bäi, mengen Kerstin Thalau an den MNHA-Direkter Michel Polfer.